Neuigkeit

29/04/2020: PäischtCroisière 2020: Annuléiert

 

Bonjour léif Frënn vun der PäischtCroisière,

Leider musse mir Iech matdeelen, dat d'PäischtCroisière 2020 wéinst dem Virus COVID-19, muss annuléiert ginn. Wéi haut vun MSC kommunizéiert, sinn all MSC Reesen bis einschl. den 11.07.20 annuléiert. Mir sinn dobäi déi betraffe Client'en, respektiv Agencen ze kontaktéieren, dowéinst biede mir Iech ëm wéineg Gedold bis mir all Dossier traitéiert hunn. Mir bieden Iech villmools ëm Äert Versteesdemech, dat wéinst der exzeptioneller Situatioun, wéi vun der Regierung kommunizéiert, keng Remboursementer bis nom État de Crise kënnen ausbezuelt ginn. 

 

De Programm vun der PäischtCroisière 2021 wäert an deenen nächsten Wochen publizéiert ginn.

 

Mir wëllen op dësem Wee och un Är Solidaritéit vis-à-vis vun eis als Croisières-Veranstalter, wéi och vis-à-vis vun all anerem Collaborateur aus der Tourismusbranche appelléieren. Wann et Iech méiglech ass, da bucht Är Vakanz ëm an annuléiert se net. Mir gi momentan all zesummen duerch eng schwéier Zäit, mä no dëser Period kommen och nees méi schéi Momenter, déi mir wëlle mat Iech zesummen op Ärer Dramrees erliewen.

 

Bléift gesond an hoffentlech gesi mir eis all nees u Bord vun der PäischtCroisière 2021!

 

Äert Neptun Team